Filtrer par : Divers

Äddi, al Museksschoul! Concert d'adieu
déc.
16
2:00 PM14:00

Äddi, al Museksschoul! Concert d'adieu

Geschwënn ass et esouwäit a mir verloossen eist aalt Gebai a Richtung rue Batty Weber!

Iwwer 55 Joer huet eis dat schéint alt Haus an der Schoulstrooss trei Déngschter geleescht. Do wou fréiher d’Schwësteren an d’Paschtéier gewunnt hunn, ass dagaus an dagan Musek gemaach ginn, heiansdo ganz schéin, heiansdo manner schéin mee ëmmer mat enger Haptiddi: Freed ze maachen.

Ëmmer nees gouf d’Gebai emgebaut, renovéiert an den Ufuederungen ugepasst a vill schéi Momenter duerfte mer an eiser aler Infrastruktur erliewen.

Mat genee esou engem schéine Moment wëlle mer der Museksschoul op der Adress 1, rue des Ecoles Äddi a Merci soen.
Samschdes de 16. Dezember kënnt der ab 14h00 Nomëttes eis Raimlechkeeten nach emol besichen an ab 14h30 am Préau ee flotte Schülerconcert genéissen. Ofgeschloss gëtt dann mat engem Patt an engem Maufel, deen eis Gemeng eis zu der feierlecher Geleeënheet spendéiert.

Wëll d’Plaz am Préau leider streng limitéiert ass, kënne mer just ugemellte Besuch eraloossen.
Mir bieden iech dofir, är Umeldung fir de Concert op dëser Säit auszefëllen.

Voir l'événement →
Modern Music Days by Déifferdénger and Péitenger Musekschoul
mars
18
à 19 mars

Modern Music Days by Déifferdénger and Péitenger Musekschoul

Aschreiwung / Inscription:

https://my.weezevent.com/modern-music-days

LU: Concerten a Workshopen

D’Modern Music Days ginn all Schüler aus de Museksschoulen Déifferdéng a Péiteng, deen interesséiert ass mat anere Museker zesummen ze spillen, d’Geleeënheet fir un engem Weekend voll Musek a Freed deel ze huelen.
Zwee Personnagen, déi aus der Geschicht vun der moderner Musek net ewech ze denke sinn, si bei dësem Evenement de roude Fuedem: den Duke Ellington an de Ray Charles. Zousätzlech hu mer d’Freed, de Museker a polyvalenten Enseignant Jérôme Klein an eisem Corps enseignant fir d’Workshopen an de Concert vun den Enseignante begréissen ze dierfen.

 

Programm

Samschden 18.03
10h00 - 18h00 Workshopen + Presentatiounen
18h30 - 19h30 Big Band plays Ellington
20h00 - 21h00 Teachers Combo

Sonnden 19.03
10h00 - 15h00 Workshopen
15h00 - 16h00 Open Soundcheck
16h00 - 18h00 Concert vun de Schüler


 

FR: Concerts et workshops

Les Modern Music Days présentent une opportunité à tous les élèves des écoles de musique de Differdange et Pétange qui sont déjà dans un ensemble ou qui sont intéressés de jouer ensemble avec d'autres musiciens de participer à un weekend plein de musique et de plaisir!
Le fil rouge de l'événement tourne autour des deux personnages incontournables de l'histoire de la musique moderne: Duke Ellington et Ray Charles. En plus, le musicien et enseignant polyvalent Jérôme Klein rejoindra le corps enseignant pour les workshops et le concert des enseignants.

 

Programme

Samedi 18.03
10h00 - 18h00 Workshops + présentations
18h30 - 19h30 Big Band plays Ellington
20h00 - 21h00 Teachers Combo

Dimanche 19.03
10h00 - 15h00 Workshops
15h00 - 16h00 Open Soundcheck
16h00 - 18h00 Concert des élèves


EN: Concerts and Workshops

Modern Music days will be an opportunity for all music school students from Differdange and Petange that either are already in a combo or want to experience playing together with other musicians to spend a weekend full of music and fun!
The main theme of the weekend will evolve around two great personalities of modern music history: Duke Ellington and Ray Charles. As a little extra, polyvalent musician and teacher Jérôme Klein will join the faculty for workshops and join the teachers combo in concert as a special guest.

 

Program:

Saturday 18.03
10h00 - 18h00 Workshops + Presentations
18h30 - 19h30 Big Band plays Ellington
20h00 - 21h00 Teachers Combo

Sunday 19.03
10h00 - 15h00 Workshops
15h00 - 16h00 Open Soundcheck
16h00 - 18h00 Student Concert

Voir l'événement →
Après-midi Inscriptions et Portes Ouvertes
sept.
15
4:00 PM16:00

Après-midi Inscriptions et Portes Ouvertes

Dir sidd motivéiert fir mam Schoulufank och eng musikalesch Ausbildung ze starten?

Dir interesséiert iech fir een oder méi Instrumenter oder Couren a géingt gäere méi doriwwer wëssen, respektiv emol eppes ausprobéieren?

Da luusst laanscht op eisem Aschreiwungs- a Portes-Ouvertes-Nomëtteg!

Selbstverständlech si mer och bis dohinner fir all Informatioun do.

Voir l'événement →
Assemblée Générale "Les Amis de l'Ecole de Musique de Pétange"
juin
24
8:00 PM20:00

Assemblée Générale "Les Amis de l'Ecole de Musique de Pétange"

Léif Frënn vun den Amis de l’Ecole de Musique de Pétange,

Ech hunn déi grouss Freed iech op eis Generalversammlung ze invitéieren, déi dëst Joer, wéngt de bekannten Emstänn, op virtuellem Wee muss stattfannen.

An zwar wier dat Mëttwochs de 24. Juni vum 20h00 via Zoom Videokonferenz.

Dir braucht einfach op de Link hei ënnendrënner ze klicken a kënnt dann un eiser Assemblée Générale deelhuelen.

Join Zoom Meeting
https://us02web.zoom.us/j/81783684010?pwd=L0NyK1ZJK2d3dy9tRjcwT25XRFhWdz09

Meeting ID: 817 8368 4010

Password: 4pLz8X

Mat beschte Gréiss,

Paul ORIGER
president
Les Amis de l’Ecole de Musique de Pétange

Voir l'événement →
Soirée d'inscription
sept.
16
5:00 PM17:00

Soirée d'inscription

Vous avez envie de commencer les cours de musique, d’apprendre un instrument ou d’approfondir vos connaissances musicales; venez nous voir encore pendant la soirée d’inscription qui aura lieu le lundi 16 septembre entre 17h00 et 19h00.
Les enseignants de l’école de musique seront à votre disposition pour toute question concernant les cours instrumentaux et de chant. A part quelques instruments avec déjà des listes d’attentes, nous avons encore des places disponibles dans d’autres branches comme les instruments à vent, la percussion, le drumset, la harpe et la mandoline.

Voir l'événement →