Soirée Combo
Erliewt d’Comboen vun eisen Enseignanten David Ascani, Jeff Herr a Sven Sauber live bei der Wax Konschtmillen - bei guddem Wieder dobaussen op der Open-Air-Bün “Moulin-Rouge” oder bei Reen uewenop an der Konschtmillen “Um Späicher”.
Erliewt d’Comboen vun eisen Enseignanten David Ascani, Jeff Herr a Sven Sauber live bei der Wax Konschtmillen - bei guddem Wieder dobaussen op der Open-Air-Bün “Moulin-Rouge” oder bei Reen uewenop an der Konschtmillen “Um Späicher”.
Eis Nopesch, d’Parkschoul feiert hiert Summerfest an d’Péitenger Museksschoul ass natierlech mat Freed dobäi. Kommt laanscht a lauschtert eis Schüler an Aktioun oder probéiert een Instrument aus!
D'Péitenger Museksschoul ass Freides de 17. Juni och op der Fête de la Musique dobäi; kommt laanscht bei d'Galeries Lafayette an héiert tëscht 15h00 an 20h00 Ensemble vun den AEM-Museksschoulen. 🎼
Mat am Asaz sinn ab 16h30 d’Comboen vum Jeff Herr a Sven Sauber.
www.fetedelamusique.lu
Lëtzebuerg invitéiert 2022 jonk Leit a Studente vu Museksschoulen aus ganz Europa, fir zesumme mat 1500 Schüler aus Lëtzebuerger Museksschoulen opzetrieden. Wärend 3 Deeg wäerten duerch d’ganzt Land méi wéi 400 Concerten op deene verschiddene Plaze stattfannen.
Esou och de 27. Mee zu Péiteng op der Place du Marché virun der Maison de la Culture “A Rousen”.
Erlieft tëscht 13h00 an 22h00 d’Ensembelen, Comboen, Choralen an hir Enseignanten vun der Péitenger Museksschoul zesumme mat eise Gäscht op enger flotter Bün am Kär vu Péiteng. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.
Méi info zum Festival gëtt et hei:
www.remix22.lu