Retour à tous les événements

Remix22 European Youth Music Festival - Concerten zu Péiteng an am Fond de Gras

  • Place du Marché Pétange Place du Marché 4756 Pétange Luxembourg (carte)

Lëtzebuerg invitéiert 2022 jonk Leit a Studente vu Museksschoulen aus ganz Europa, fir zesumme mat 1500 Schüler aus Lëtzebuerger Museksschoulen opzetrieden. Wärend 3 Deeg wäerten duerch d’ganzt Land méi wéi 400 Concerten op deene verschiddene Plaze stattfannen.

De 28. Mee sinn iwwert de ganzen Dag a bis Owes Concerten am ganze Land, virun allem zu Péiteng op der Place du Marché virun der Maison de la Culture “A Rousen”, dann och zu Péiteng op der Gare vum Train 1900, an haptsächlech op 17 verschiddene Bünen am Fond-de-Gras virgesinn.

Erlieft tëscht 09h00 a 15h45 d’Ensembelen, Comboen, Choralen an hir Enseignanten vun der Péitenger Museksschoul zesumme mat eise Gäscht op de Bünen vun der Place du Marché, op der Gare vum Train 1900 an zu Lasauvage an der Kierch.

Méi info zum Festival gëtt et hei:
www.remix22.lu

Événement ultérieur: 2 juin
Audition Classe de Piano