Classes de Cordes - Mad World - Hëllef fir d'Ukrain

E ganz mouvementéiert Schouljoer geet dem Enn zou. Net nëmmen de Corona-Virus mee och de schreckleche Krich an der Ukrain hunn hir Spuere bei eis all hannerlooss.

Eis Schüler aus de Sträicherklasse mat hiren Enseignanten Anne-Marie Kalmus, Gesine Kolb, Judith Magyarics an Elisabeth Zasman hu sech dofir ee ganz besonnesche Projet afale gelooss a wëlle mat hirem musikaleschen Asaz de Leit an der Ukrain hëllefen.

Hëlleft och dir mat a maacht een Don op de Kont vun den "Amis de l'Ecole de Musique de Pétange" LU09 0025 1206 9226 5700 - déi gesammelt Zomm gëtt am Kader vun eisem Wanterconcert un eng Associatioun fir d'Leit an der Ukrain gespent.

Eis jonk Sträicher a Sträicherinne soen iech elo schonn e grousse Merci fir är Generositéit!

Merci fir den Asaz vun alle Bedeelegten, dem Véronique Biver vum Audeo, der Gemeng Péiteng, den Amis de l'Ecole de Musique de Pétange an den Enseignanten a Schüler!