Virtuell Instrumentevirstellung Deel 10: D’Klarinett
Eis Porte Ouverte vum 13 Juni ass dem Corona leider zum Affer gefall. Fir dat der eis Offer un Instrumenter awer kënnt erliewen, wärte mer op dëser Plaz no an no all eis Coursen virféieren. Am zéngten Deel gi mer nees an d’Famill vun de Blosinstrumenter, dës Kéier mat deem wuel bekanntesten Holzblosinstrument: d’Klarinett.