COVID 19
Aktuell befënnt sech de Museksenseignement leider nach ëmmer an enger klenger Zwangspaus. Wéngt dem Coronavirus sinn alleguer d’Musekscoursen bis op d’Cours Individuels vun de Schüler aus der Division Moyenne suspendéiert.
Deemno dierfe keng Cours collectifs wéi Kammermusek, Ensemble oder Formation musicale ofgehale ginn. Suspendéiert sinn och d’Individualcouren vun der Division inférieure.
D’Enseignanten vun der Péitenger Museksschoul gi sech awer Méi fir hir Fonctioun ze erfëllen an enseignéieren hir Schüler an dëser Krisenzäit iwwer all méiglech Wee’er. Sief et iwwer Videokonferenz, mat Audiodateien, Video Tutorials, PDF-Dokumenter a villes méi.
Mir hoffen nees ganz geschwënn eis Schüler “live” erëm ze gesinn an esou hallefwegs nees normal schaffen ze dierfen.
Den Elteren an de Schüler elo schonn ee grousse Merci fir hir Gedold an hier Bereetschaft matzeschaffen!